CD-Klassik
Essenz vu Kammermusek
Am Mee d'lescht Joer hat de lettesche Geiist Gidon Kremer fir Irritatiounen ënner de Museksfrënn gesuergt, wéi hien an engem Interview sot, e géif nach just wëlle ronn 100 Concerte spillen. Munchereen hat dat als Annonce fir de Réckzuch aus der Musekszeen verstanen. Den Dementi koum prompt, a wéi vill kënschtleresch Energie nach am Geiist stécht, héiert een op dem neisten Disk, deen hie mat zwee net manner inspiréierte Partner opgeholl huet.