Panorama
Panorama
Suite vun den Debatten iwwer d'Ried zur Lag vun der Natioun an der Chamber, an do hu Fuerderungen no sozialer Gerechtegkeet, mee och de Logement an d'Wunnengsnout dominéiert
Immobiliefonge ginn zukünfteg méi staark besteiert, et ass awer nach net kloer, wéi vill Suen dat an d'Staatskeese spullt, sot de Finanzminister Pierre Gramegna de Mueren op eiser Antenn
D'Handwierker-Federatioun fuerdert, datt de Staat weiderhi punktuell Hëllefen zur Verfügung stellt, fir dem Secteur an der Corona-Kris ënner d'Äerm ze gräifen
Den Aarmutsrisiko hei am Land louch 2019 bei 17,5 Prozent, huet de Statec matgedeelt.
Engagement, Opriichtegkeet, Zouverlässegkeet: dat sinn déi dräi Schlësselwierder ronderëm déi sech eng nei Charta vu Valeuren vun der Lëtzebuerger Arméi artikuléiert
Iwwerall an Europa klammen d'Corona-Neiinfektiounen, an et gëtt iwwer weider Restriktiounsmesuren diskutéiert
Um EU-Sommet zu Bréissel gëtt haut iwwer Léisunge fir de Brexitsträit mat Groussbritannie beroden