arrow_back_ios
CD-Klassik
Eng nei Brahms-Intégrale
Bis an de Summer war de Schwäizer Dirigent Philippe Jordan Chef vun de Wiener Symphoniker, éier hien d'Baguette un de Kolumbianer Andrés Orozco-Estrada weiderginn huet. Quasi als Cadeau d'adieu huet de Jordan mat de Wiener Symphoniker nach eng Intégrale vum Johannes Brahms senge Symphonien erausbruecht.