Panorama
Panorama
Europäesch Länner verschäerfen d'Restriktioune wéinst dem Coronavirus. An der Belsch gëllt vun haut un eng Ausgangsspär nuets, an d'Caféen a Restaurante mussen nees zoubleiwen. Och an Italien ginn d'Restriktioune verschäerft
Zu Lëtzebuerg ginn d'Restriktioune elo mol net verschäerft, mee och d'Dokteren maachen den Appell: D'Leit sollten déi sanitär Mesurë strikt respektéieren
Frankräich wëllt méi staark géint Radikaliséierung virgoen, sot de President Emmanuel Macron. Nom Mord vum Professer Samuel Paty ware gëschter a ganz Frankräich grouss Manifestatiounen