Panorama
Panorama
Europäesch Länner verschäerfen d'Restriktioune wéinst dem Coronavirus. An der Belsch gëllt vun haut un eng Ausgangsspär nuets, an d'Caféen a Restaurante mussen nees zoubleiwen. Och an Italien ginn d'Restriktioune verschäerft
De Stater Centre Hospitalier kéint bis zu 40 Covid-19-Patienten ophuelen (den Ament sinn der 27 do) éier d'Spidol veschidden normal Servicer nees misst ëmorganiséieren, sot de CHL Generaldirekter Romain Nati de Moien op eiser Antenn. Datt déi Limitt bannent de nächsten zwou Wochen, wéinst den héichen Infektiounszuelen, kéint erreecht ginn, wär "net onwarscheinlech", esou de Romain Nati
Frankräich wëllt méi staark géint Radikaliséierung virgoen, sot de President Emmanuel Macron. Nom Mord vum Professer Samuel Paty ware gëschter a ganz Frankräich grouss Manifestatiounen