Klassik aktuell
60 Joer bis bei d'Uropféierung
Keng vum Franz Schubert senge Symphonië gouf zu Liefzäite vum Komponist ëffentlech gespillt. Dat kann ee sech kaum bei engem Komponist virstellen, dee bannent knapp 20 Joer ronn 1.000 Wierker schreift. Mee déi enorm Produktivitéit vum Schubert war dann och nees e Grond, datt Villes Fragment blouf, Partituren et seele bis an den Drock gepackt hunn. Dat gëllt och fir déi zweet Symphonie, déi eréischt den 20. Oktober 1877 zu London posthum uropgeféiert gouf.