CD-Klassik
De Mozart an d'Klarinett
Komponisten hu sech inspiréiert gefillt fir en Instrument ze schreiwen, nodeems si e Virtuos kennegeléiert haten. Am Fall vum W.A. Mozart war dat de Klarinettist Anton Stadler, dem de Komponist a senge leschte Liewensjoren eng Partie Wierker op d'Mooss geschriwwen, wéi zum Beispill de Klarinetteconcerto oder de Klarinettequintett. Béid Wierker huet de Klarinettist Julien Hervé opgeholl, zeummen mam Rotterdam Philharmonic Orchestra ënner der Direktioun vum Gustavo Gimeno. De Manuel Ribeiro huet an den Disk eragelauschtert.