arrow_back_ios
CD-Klassik
Julien Hervé spillt Mozart
Komponisten hu sech inspiréiert gefillt fir en Instrument ze schreiwen, nodeems si e Virtuos kennegeléiert haten. Am Fall vum W.A. Mozart war dat de Klarinettist Anton Stadler, deem de Komponist a senge leschte Liewensjoren eng Partie Wierker op d'Mooss geschriwwen huet, wéi zum Beispill de Klarinetteconcerto oder de Klarinettequintett. Béid Wierker huet de Klarinettist Julien Hervé opgeholl, zesumme mam Rotterdam Philharmonic Orchestra ënner der Direktioun vum Gustavo Gimeno.