arrow_back_ios
CD-Klassik
Méi wéi just e Fuerzbengel
E kann déif Téin produzéieren, déi - wéi et schéngt - deen een oder aneren schonn emol u bestëmmt Kierpergeräicher erënnere kënnen. Rieds ass vum Fagott, op gutt Lëtzebuergesch och als "Fuerzbengel" bekannt. Datt dëst Instrument méi ass wéi e Fuerzbengel, dat beweist de jonke Solist Theo Plath op sengem Debutalbum. Mat véier verschiddene Wierker fir Fagott an Orchester presentéiert hien déi breet Palett vu Klangfaarwen, déi op sengem Instrument méiglech sinn.