Klassik aktuell
Eng Sinfonie mat engem Rätsel
An der Museksgeschicht ginn et vill Rätselen iwwer den Doud vu Komponisten. Mee rar sinn déi, déi esou tragesch si wéi den Doud vum russesche Meeschter Tchaikovsky. Ob hie sech selwer ëmbruecht huet oder derzou gedriwwe gouf, doriwwer streiden d'Musekologen nach haut. Sécher ass, datt déi 6. Sinfonie Pathétique villes iwwer de séileschen Zoustand vum Komponist verréit.
Dësen Diamant um Enn vun der Romantik gouf den 28. Oktober 1893 uropgeféiert. De Manuel Ribeiro mat Detailer zur Sinfonie genannt Pathétique.