CD-Klassik
Pan an Apoll
12 min
D'Antonia Schreiber ass Harfenistin beim Gürzenich Orchester Köln. D'Alja Velkaverh, déi eng brillant Karriär als Solistin féiert, ass d'Solo-Flüttistin bei deem selwechten Orchester. Mee fir en Disk als Duo opzehuelen, geet dat nach net duer. Et muss een zu zwee musikalesch gutt funktionéieren. Op hirem Disk "Water Music for Flute and Harp Pan & Apoll" sinn déi wou Musekerinnen op enger Wellelängt. De Manuel Ribeiro huet an den Disk eragelauschtert.