Panorama
Panorama
12 min
Bei de Presidentewalen an den USA bleift et spannend. E kloere Gewënner gëtt et nach ëmmer net. Ënnert anerem am Arizona zeechent sech eng ganz enk Course tëscht dem Donald Trump an Joe Biden of.
Wann d'Infektiounszuele mat Covid-19 hei am land net geschwënn erofginn, da kommen d'Spideeler geschwënn un d'Limit wou se mussen ufänken aner Traitementer erof ze schrauwen, warnt d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert.
Vun e Méindeg un zirkuléiere méi Schoulbusser am Land, fir ze evitéieren, datt sech Schüler am Bus ze no kommen. Dofir ginn RGTR-Linnen ofgebaut
Déi ëffentlech Schold an der Eurozon wäert dëst Joer op iwwer 100 Prozent vun hirem PIB klammen, annoncéiert d'EU-Kommissioun.
De Satellittebedreiwer SES vu Betzder gëtt säi Projet op, fir de Betrib ze splécken an d'Télésspart vun den Internetaktivitéiten ze trennen.
Déi 71 Leit déi am Medienhaus Saint Paul ouni Sozialplang entlooss goufen, géifen den Ament eenzel bei d'Direktioun a Gespréicher geruff ginn, fir hiren Depart ze verhandelen, confirméiert den LCGB.
Wéinst der Coronakris sinn d'Geschäftsreesen a Vakanzen am 2. Trimester dëst Joer em 90% agebrach am Verglach mat 2019, geet aus enger Enquête vum Statec ervir.