Klassik aktuell
Diplomat a Komponist
5 min
An der Museksgeschicht ginn et vill Rätselen, genee wéi et vill Komponiste ginn, déi och fir déi gréisste Musekswëssenschaftler haut nach ëmmer weider mysteriéis bleiwen. Den Hollänner Unico Willem van Wassenaer huet nieft sengen diplomateschen Aufgaben och komponéiert. Di eng schreiwen, hie wier de 6. November 1766 gestuerwen, mee di meeschte Quellen rektifizéieren den Doudesdag op den 9. November. De Manuel Ribeiro mat engem Portrait vum Unico Willem van Wassenaer.