Panorama
Panorama
13 min
Gëschter goufen nees bal 800 Mënsche positiv op Covid-19 getest.
D'lescht Woch sinn d'Infektiounszuelen hei am Land am Verglach mat der Woch virdrun erofgaangen.
Et brauch an der EU net manner, mee méi Koordinatioun, fir no Léisungen ze sichen, sot de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn de Metteg a senger aussepolitescher Déclaratioun an der Chamber, dëst Joer am Kontext vun der Coronakris.
D'EU-Kommissioun huet haut eng Propose virgestallt, fir bei zukünftege sanitäre Krisen eng besser Gestioun op EU-Niveau ze garantéieren.
Lëtzebuerg huet haut seng Kandidatur gestallt fir de Sëtz vum neien Europäesche Kompetenz-Zenter fir Cyber-Security.
De Friddensaccord deen elo fir déi ëmstridde Regioun Bergkarabach ausgehandelt gouf, wäert net laang halen, mengt den Tageblatt-Journalist Armand Back am Gespréich mam 100,7. Hie war rezent op der Plaz.