CD-Klassik
Amanda Favier spillt Strawinsky a Corigliano
D'Amanda Favier ass eng franséisch Geiistin déi een och well an der Philharmonie als Solistin beim Orchestre de Chambre du Luxembourg erliewe konnt. Dat war 2014 mam Felix Mendelssohn Bartholdy sengem Geieconcerto. Elo presentéiert sech d'Amanda Favier op engem neien Disk mat Wierker vum Igor Strawinsky an John Corigliano. Begleet gëtt si dobäi vum Orchestre Philharmonique de Liège ënner der Direktioun vum Adrien Perruchon. De Luc Boentges huet fir eis an dësen Disk era gelauschtert.