Panorama
Panorama
An den Schoule wär et den Ament net néideg, den Home Schooling fir déi iewescht Klassen am Secondaire nees anzeféieren, och wann et do méi Infektioune gouf - dat sot den Educatiounsminister de Moien op enger Pressekonferenz.
Iwwer 17.500 Mënsche waren d'lescht Woch a Quarantän oder isoléiert: doduerch kënnt et am Commerce ëmmer nees zu Enkpäss beim Personal.
HORESCA rifft hir Memberen dozou op, sech un déi sanitär Moossnamen ze halen, fir eng global Fermeture vum Secteur z'evitéieren.
Wat d'Iwwerschëldung ubelaangt géif een den Ament nach keen Impakt duerch d'Coronakris gesinn, seet de Christian Schumacher vum Service Surendettement vun der Ligue Medico-sociale.
Den Historiker Serge Hoffmann bedauert, dass net vun der Verfassungsreform profitéiert ginn ass, fir e Referendum iwwer d'Staatsform ze organiséieren
Och wann d'Onofhängegkeet vun der polnescher Justiz aktuell a Fro gestallt wier, sollt all europäeschen Haftbefeel, deen aus Polen un aner EU-Länner geet, am Detail gekuckt ginn. Dat ass d'Recommandatioun vum spueneschen avocat-général Manuel Campos Sánchez-Bordona un d'Cour de Justice um Kierchbierg.