Panorama
Panorama
Wéinst der Coronapandemie gëtt et e Personalmanktem an de Crèchen.
D'Wuelbefanne vun de Lëtzebuerger, a besonnesch vun deene Jonken, ass während dem Confinement erofgaangen, geet aus engem neie Rapport vum Statec ervir.
De meescht-gesichte Verbriecher zu Lëtzebuerg gouf gëschter Owend zu Bréissel festgeholl, deelt de Parquet mat. Hie stoung op der Most-Wanted-Lëscht vun Europol.
D'CGFP kritiséiert d'Gesetzespropose vum Educatiounsministère, fir Direktere vu spezialiséierte Lycéeën och an der Privatwirtschaft ze rekrutéieren. D'Gewerkschaft warnt virun enger Privatiséierung vum ëffentlechen Déngscht.
Haut viru 5 Joer koume bei bluddegen Attentater zu Paräis 130 Mënschen ëm d'Liewen. Frankräich erënnert haut un déi tragesch Evenementer.
D'EU-Inneministere beroden de Mëtteg iwwert eng gemeinsam Linn am Kampf géint den Terrorismus.