CD-Klassik
Guillaume Tell
Jidderee kennt den Appell vun den Trompetten un d'Cavallerie aus dem Guillaume Tell vum Giacchino Rossini. Mee eng 30 Joer virum Rossini hunn och aner Komponisten dem Schwäizer Guillaume Tell seng Geschicht vertount. Dem Rossini säi Wierk ass eng richteg grouss Oper, eng vun deene éischten am Stil vun der "Grand opéra à la française". Op engem Disk beim Label "Les Belles Écouteuses", ass dem André-Modeste Grétry seng Versioun vum Guillaume Tell als Opéra Comique, festgehalen. De Manuel Ribeiro war beim Luc Boentges am Studio, fir iwwer dësen Disk ze schwätzen.