CD-Klassik
Spiritual Quest
Bei Musek fir Trompett an Uergel denkt een direkt u festlech Kläng, barocke Pomp a Fanfaren am grousse Stil. Ganz aner Téin schloen den Adam Rixer, Solotrompettist am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, an den Titularorganist vun der Philharmonie, de Maurice Clement, op hirem Disk "Spiritual Quest" un. Si proposéieren e Programm mat Wierker aus dem 20. an 21. Joerhonnert, déi vun der musikalescher Intimitéit liewen. D'Kiischt um Kuch ass eng nei Kompositioun vum Ivan Boumans, speziell geschriwwe fir dës Produktioun, déi am Kader vum 15. Anniversaire vun der Schuke-Uergel an der Philharmonie erauskoum.