CD-Klassik
Dancing Circles in the Night
Et gi glécklecherweis och mol Disken, déi ganz onkonventionell ausfalen.De Label Arabesque Records huet elo en duebelen Disk erausgi mam Titel "Dancing Circles in the Night" - bekannt Kompositioune vum Astor Piazzolla an Heitor Villa-Lobos. Den Disk hëlt eis awer och mat op eng Rees a ganz aner Stiler, Sproochen a Géigenden, mat Komponiste vun haut. De Mimesis Ensembel huet zesummen mat verschidde Sängersolisten e ganz originellen a facettëräiche Programm op dëser Opnam festgehalen. De Manuel Ribeiro huet eragelauschtert.