Panorama
Panorama
De Mindestloun an de Revis ginn op den 1. Januar ëm 2,8 Prozent erhéicht, huet de Premier Xavier Bettel de Mëtteg nom Regierungsrot annoncéiert
Gëschter goufe 519 Mënschen hei am Land positiv op Covid-19 getest. D'Zuel vu Stierffäll klëmmt ëm 6 op 260
D'Regierung wäert e Méindeg viraussiichtlech der Chamber proposéieren iwwer dat neit Covid-Gesetz ofzestëmmen, fréistens e Mëttwoch kéinten déi nei Mesuren a Kraaft trieden
Och am Schoulberäich sollen dann nei Moossnamen ageféiert ginn, ënner anerem sollen déi héich Lycéesklassen nees an engem A/B-System funktionéieren
Mëtt Dezember kéint eng éischt Liwwerung vu Corona-Vaccinen zu Lëtzebuerg ukommen. Déi géif dann duergoen, fir 23.000 Leit ze impfen, war et eng weider Annonce vum Premier de Mëtteg
De radio 100,7 kritt mat der Journalistin Josée Hansen an dem Affekot Pierre Reuter zwee nei Memberen am Verwaltungsrot