CD-Klassik
E gutt Wierk mat enger schlechter Aura
Dräi Uleef huet de Camille Saint-Saëns gebraucht, éier "Le Timbre d'argent" op den Operebünen definitiv Fouss gefaasst hat. De Libretto, mat deem bis dato kee Komponist glécklech gi war, hat de Saint-Saëns als 22Järegen ugebuede krut. Produktioune koumen net un d'Rullen, well déi jeeweileg Theatere Faillite gemaach haten, éier d'Monnaie zu Bréissel dem Saint-Saëns seng sechste Fassung opgeféiert huet. An déi gëtt et elo an enger Opnam ënner der Direktioun vum François-Xavier Roth.