CD-Klassik
Tormenti d'Amore
Nieft de Countertenore Jaroussky oder Cencic gëtt et mëttlerweil och eng méi jonk Generatioun, déi dës Gesankskonscht weiderféiert. Eent vun deenen neien Talenter heescht Philipp Mathmann an huet mat der Capella Jenensis en duebelen Disk erausbruecht mam Titel "Tormenti d'Amore".
Nieft dem Johann Adolf Hasse sinn och Wierker vu manner bekannte Komponisten ze héieren. En duebelen Disk mat enger duebeler Entdeckung: herrlech Wierker vun deels kaum bekannte Komponiste mat engem nach onbekannten Interpret. De Manuel Ribeiro huet eragelauschtert.