Panorama
Panorama
Gëschter goufe 616 Persounen hei am Land positiv op Covid-19 getest, et gouf fënnef weider Stierffäll
D'Chamber debattéiert den Ament iwwer déi nei Covid-Restriktiounen, déi bis de 15. Dezember solle gëllen. De Vott ass fir de fréien Owend virgesinn
Zu Steesel goufen am Ganze 27 Schüler an Enseignanten aus der Grondschoul positiv op Covid-19 getest, d'Situatioun hätt sech elo berouegt, deelen de Gesondheets- an den Educatiounsministère mat
Am Virfeld vun enger Reunioun vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun Kräizbierg muer, fuerdert den OGBL datt endlech Decisioune getraff ginn. Zanter Méint gëtt et intern eng Vertrauenskris tëschent Personaldelegatioun an Direktioun
Groussbritannie rechent fir dëst Joer mat enger Chute vum PIB an Héicht vun 11,3 Prozent. Wéinst der sanitärer Kris setzt d'Land seng Ausgabe fir d'Entwécklungshëllef erof
Als éischt Land op der Welt solle Fraen a Schottland Produiten, déi si wärend hirer Period brauchen, gratis zur Verfügung gestallt kréien.
Déi argentinesch Fussballlegend Diego Maradona ass am Alter vu 60 Joer gestuerwen