CD-Klassik
De Spigel vun enger wibbeleger Zäit
Danzforme sinn zanter jeehier eent vun de Fundamenter vun der Musek. Déi barock Suiten hu sech un deenen deemolege Gesellschaftsdänz orientéiert. Am 19. Joerhonnert waren et de Walzer an d'Volleksdänz, déi Komponisten inspiréiert hunn.
Mat den amerikaneschen Zaldote koum am Éischte Weltkrich och den Jazz an Europa, deen och schëtzeg de Wee an d'Concertssäll fonnt huet. Eng vun deenen Jazz-Formen ass de Foxtrott, deen de Wiener Pianist Gottlieb Wallisch als Programm fir eng CD-Rei entwéckelt huet. Nodeems hien op engem éischten Disk d'Länner aus dem fréieren Habsburgerräich exploréiert hat, sinn et elo Däitschland an d'Weimarer Republik.