CD-Klassik
Liewen an Doud
"Don Juan" an "Tod und Verklärung" - zwou fréi Toundichtunge vum Richard Strauss, déi sech diametral vis-à-vis stinn. Op där enger Säit erliewe mer de Genossmënsch Richard Strauss, de Komponist, deen d'Liewe genéisst an hëlt, wéi et kënnt. Op där anerer Säit hu mer e Komponist, dee sech als jonke Mënsch mam Doud beschäftegt. De Robin Ticciati huet béid Wierker, zesumme mat Strauss-Lieder, op sengem neien Disk mam Deutschen Symphonie-Orchester Berlin opgeholl.