Panorama
Panorama
Den Asaz vu private Sécherheetsagenten am Garer Quartier an der Stad wier näischt Neits an absolutt noutwendeg, sot d'Stater Buergermeeschterin Lydie Polfer am 100,7 Interview de Moien. De Police Minister Henri Kox, deen hir géigeniwwer souz, huet betount: Privat Agente kéinten net d'Aufgab vun der Police iwwerhuelen
Haut ass Welt-Aids-Dag. D'UNO warnt: Wéinst der Corona-Pandemie géif de Kampf géint den HIV Virus vernoléissegt ginn. Zu Lëtzebuerg ginn dëst Joer, wéinst Corona, keng gratis Kondomer ausgedeelt
Wéinst der Klimakris hu sechs Jonk Leit aus Portugal eng Plainte géint all 27 EU-Staaten plus fënnef aner Länner beim Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg deposéiert. Déi Jonk soen, dës 32 Länner, dorënner Lëtzebuerg, géifen d'Klimakris verschäerfen an hir Zukunft op d'Spill setzen
Dem Glasproduzent Guardian seng Zukunft zu Lëtzebuerg wär ëmmer nach ongewëss, trotz dem Plan de maintien dans l'emploi fir 200 Mataarbechter, seet den OGBL
An der Belsch däerfen haut déi meescht Butteker a Commercen nees opmaachen, si waren de leschte Mount wéinst der Corona-Kris zou