arrow_back_ios
CD-Klassik
E gudden Debut
Fir en éischten Disk als Pianistin kann ee sech et komplizéiert maachen. Mat Stécker vum Serge Rachmaninov huet déi jonk Pianistin Minjung Baek net grad deen einfachste Repertoire erausgesicht. Nieft zwee Préluden an enger Elégie huet d'Musekerin d'"Corelli Variatiounen" an déi zweet Sonat als Haaptplat enregistréiert. Eng gelongen éischt Opnam, mengt de Manuel Ribiero.