Klassik aktuell
Den Individuum an d'Gesellschaft
Den Giuseppe Verdi, grousse Fan vum Friedrich Schiller, koum selwer mat der Iddi, aus dem Drama "Kabale und Liebe" eng Oper ze maachen. No e puer dramaturgeschen Adaptatiounen - d'Handlung gëtt an Tirol verluecht - gëtt d'Oper "Luisa Miller" dat Bühnewierk, an dem den Giuseppe Verdi seng eegen dramatesch Handschrëft fënnt. "Eine vollständige Übersetzung des dramatischen Geschehens in Ausdruckswerte reiner Musik", schreift de Verdi-Biograph Julian Budden.