Panorama
Panorama
V-Day a Groussbritannien: Vun haut un sollen do déi éischt Leit géint de Coronavirus geimpft ginn
Brexit: De brittesche Premier soll an de nächsten Deeg op Bréissel reese fir mat der EU Kommissiounspresidentin d'Sträitpunkte fir en ugestrieften Handelsaccord tëscht Groussbritannien an der EU nach emol duerchzehuelen
De Syvicol stellt sech hannert d'Stad Lëtzebuerg: de Gemengesyndikat fënnt et net verkéiert, op privat Sécherheetsfirmaen zréckzegräifen, fir speziell an de méi kriddelege Quartiere Presenz ze markéieren. Dat sot de Syvicol-President Emile Eicher de Muergen am 100,7-Interview
1,44 Milliarden Euro: D'Depensë vun der Stad Lëtzebuerg am Budget d'nächst Joer ware nach ni sou héich
USA: Fréier Generol Lloyd Austin soll als éischten Afro-Amerikaner US Verdeedegungsminister ënnert dem Joe Biden ginn
Neuseeland: De Massaker vu Christchurch hätt net kënne verhënnert ginn. Et wieren awer Feeler geschitt virun der Attack, sou d'Konklusioun vun engem Enquête-Rapport
Futtball: An der Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft 2022 spillt Lëtzebuerg d'nächst Joer ënner anerem géint Portugal