CD-Klassik
Melodië vu blesséierte Séilen
An der Roll vun der Mimi am Puccini senger Oper "La Bohème" stoung d'Ermonela Jaho eng éischte Kéier op enger grousser Bün - am Teatro communale zu Bologna. Et ass deemno keen Zoufall, datt Figuren aus Puccini-Operen an anere Wierker aus dem Verismo de Kär vum Debut-Album vun där albanescher Sopranistin sinn. D'Ermonela Jaho ka sech stëmmlech an dramaturgesch perfekt an d'Roll vun deene verschiddene séilesch blesséierte Protagonistinne versetzen.