Klassik aktuell
"Meng Sprooch versteet een op der ganzer Welt"
"Meng Sprooch versteet een op der ganzer Welt", sot de Joseph Haydn zum Wolfgang Amadeus Mozart, deen hien dervun ofhale wollt, op London ze reesen. Hie kéint jo schliisslech keen Englesch. Den Haydn ass awer gereest. Hien hat Congé vu sengem Patron, dem Fürst Esterhazy, krut a wollt sech d'Chance net entgoe loossen, an der deemoleger europäescher Museksmetropol London present ze sinn. De 15. Dezember 1790 ass d'Rees lass gaangen.