CD-Klassik
De romantesche Piano
D'Shorena Tsintsabadze gëtt a Russland als eng grouss Pianistin gefeiert an huet sech zanter hire Studien am Tchaikovsky Conservatoire zu Moskau an all grousse Concertssall vun der Welt als Solo-Kënschtlerin produzéiert. 2010 bréngt si beim Label Naxos hiren éischten Disk eraus a fält op souwuel duerch déi fantastesch Interpretatiounen, wéi duerch deen onerwaarte Repertoire mat Wierker vum Sergey Lyapunov.
Mam Disk "Klavier Romantik" proposéiert d'Pianistin elo ee méi konventionelle Repertoire, deen hir och gutt läit. De Manuel Ribeiro mam klasseschen CD-Tipp.