Panorama
Panorama
Lëtzebuerg suspendéiert d'Passagéierflich aus Groussbritannien. Wéinst der neier Variant vum Coronavirus an England hu vill aner EU Länner Areesen aus Groussbritannie bis op Weideres gestoppt
Déi europäesch Medikamenten-Agence wëllt haut hir Decisioun iwwer den Impfstoff vu BioNTech/Pfizer bekannt ginn. Eng Zouloossung vum Vaccin gëtt erwaart, fir datt d'Impfcampagnen an der EU eventuell nach dës Woch kënnen ufänken
Zu Lëtzebuerg kënnt d'Regierung haut zesumme fir iwwer méiglech weider Corona-Mesuren ze beroden
Et gëtt nach ëmmer kee Brexit-Handeklsaccord. London a Bréissel wëllen haut weider verhandelen, d'EU Parlament hat awer den Dag vu gëschter als Delai gesat, fir en eventuellen Accord nach zur Zäit kënnen ze ratifizéieren