CD-Klassik
Komponisten aus der Krichsgeneratioun
Den Dmitiri Schostakowitsch an de Karol Rathaus hunn ee gemeinsamen Nenner: Si si Komponisten aus der Krichsgeneratioun, eng besonnesch Liewenserfarung, déi hir Spueren an der Musek hannerlooss huet. Iwwerdeems de Schostakowitsch säi Liewe laang ënner dem totalitäre Sowjetregime gelidden huet, war de Karol Rathaus wéinst senge jüddeschen Originnen an Nazi-Däitschland verfemt an huet missen an Amerika an den Exil goen. De Vladimir Stoupel weist a sengem CD-Programm, wéi ënnerschiddlech déi musikalesch Entwécklung vu béide Komponiste verlaf ass.