Panorama
Panorama
Frankräich huet d'Grenze fir de Camions-Trafic aus Groussbritannien nees opgemaach. Och verschidde Persounen däerfen nees vun der Insel a Frankräich reesen
De Corona-Impfzenter um Lampertsbierg geet nächst Woch just fir dräi Deeg op, well nach net genuch Covid-19-Impfstoff do ass. Ronn 1.300 Leit sollen d'nächst Woch geimpft ginn
De Marc Crochet, Vize-Direkter vun der Croix Rouge, wiesselt bei d'Caritas a gëtt do Generaldirekter
Beim Energiekonzern Encevo gouf en neie Kollektivvertrag ënnerschriwwen, fir déi ronn 1.100 Salariéë vum Grupp gëtt et ënner anerem linear Salaires-Haussen déi nächst zwee Joer an een zousätzleche Congésdag
Zu Stroossen an der Haaptstad gouf een neien Accueil-Zenter fir Asyldemandeuren ageweit. 251 Persounen, déi internationale Schutz froen, kënnen do ënnerbruecht ginn
Den US President Donald Trump fuerdert Nobesserunge beim Corona-Hëllefspak vu ronn 900 Milliarden US Dollar
An Israel muss d'Parlament fir d'véierte Kéier bannen zwee Joer nei gewielt ginn, d'Neiwale sinn am Mäerz
Am Fussball huet de Lionel Messi säi 644. Gol fir den FC Barcelona geschoss an domat dem Pelé säi Rekord gebrach