Panorama
Panorama
Frankräich huet d'Grenze fir de Camions-Trafic aus Groussbritannien nees opgemaach. Och verschidde Persounen däerfe nees vun der Insel a Frankräich reesen
An der Haaptstad ass ee neien Acceuil-Zenter fir Asyldemandeuren ageweit ginn. 251 Persounen, déi internationale Schutz froen, kënnen do ënnerbruecht ginn
De Marc Crochet, Vize-Direkter vun der Croix Rouge, wiesselt bei d'Caritas a gëtt do Generaldirekter
De Corona Impfzenter um Lampertsbierg geet nächst Woch just fir 3 Deeg op well nach net genuch Covid19-Impfstoff do ass. Ronn 1.300 Leit sollen d'nächst Woch geimpft ginn
Beim Energiekonzern Encevo gouf e neie Kollektivvertrag ënneschriwwen, fir déi ronn 1.100 Salariéë vum Grupp gëtt et ënner anerm lineär Salaires's-Haussen déi nächst 2 Joer an een zousätzleche Congés-Dag
Den US President Donald Trump fuerdert Nobesserunge beim Corona Hëllefpak vu ronn 900 Milliarden US Dollar
An Israel muss d'Parlament fir d'véierte Kéier bannen zwee Joer nei gewielt ginn, d'Neiwale sinn am Mäerz
Am Futtball huet de Lionel Messi säi 644te Gol fir den FC Barcelona geschoss an domat dem Pelé säi Rekord gebrach