CD-Klassik
En Ensembel, dee säin Numm net geklaut huet
Den Numm kléngt italieenesch, mee Villes deit drop hin, datt de Francesco Venturini aus dem franséischsproochege Raum kënnt an ëm 1675 zu Bréissel gedeeft gouf. De Venturini war Museker beim Kurfürst vun Hannover, wou hien och dem Georg Friedrich Händel iwwer de Wee gelaf ass. De Francesco Venturini huet virun allem Concerti da Camera geschriwwen, vun deenen den Ensembel La festa musicale der elo eng Rëtsch opgeholl huet.