arrow_back_ios
CD-Klassik
Entdeckungen a Weltpremièren
Ouni de Schockela géife mir vläicht haut net vum Komponist Joseph Lauber schwätzen. De Museker koum aus bescheidene Verhältnesser a konnt Dank der Ënnerstëtzung vun der Famill Suchard studéieren. De Lauber huet Karriàr als Organist, Komponist a Professer gemaach. Elo gëtt et seng zwou éischt Symphonien an enger éischter Opnam iwwerhaapt, produzéiert wärend dem éischte Lockdown.