CD-Klassik
Bach vu Rëmerschen
Beim J.S. Bach gëtt ee bal net fäerdeg mam Gebrauch vu Superlativen: Seng Mass a si mineur gëllt grad esou als eent vun den absolutte Meeschterwierker wéi seng Goldberg-Variatiounen oder säi "Wohltemperiertes Klavier". Et si Wierker, un deene sech Interpreten och nach iwwer 250 Joer no hirer Kreatioun musse moosse loossen. De Vincent Bernhardt, Cembalist, Organist, Chef vum Barockensembel "Il delirio fantastico", huet deen éischte Band elo op enger zäitgenëssescher Kopie agespillt, een Cembalo, deen zu Rëmersche preparéiert gouf a wou och d'Opnam entstanen ass.