arrow_back_ios
CD-Klassik
Zwou Entdeckungen
Den Alexander Mosolov war een Zäit- an och Leidensgenosse vum Dmitri Schostakowitsch. Iwwerdeems de Schostakowitsch längst ee vun de grousse Klassiker vum 20. Joerhonnert ass, bleift d'Musek vum Alexander Mosolov nach gréisstendeels ze entdecken. D'Moskauer Symphoniker huelen dat op dësem Disk no - mat zwee Wierker, déi eréischt nom Mosolov sengem Doud publizéiert an uropgeféiert goufen an elo eng alleréischte Kéier op Disk ze héiere sinn: d'Symphonie Nr. 5 an den Harfeconcerto.