CD-Klassik
Déi véier Joreszäiten
Vill Geiisten hu sech fréier oder spéider eng Kéier un d'"Quattro Stagioni" vum Antonio Vivaldi erugetraut. Mee et geet net duer e Virtuos ze sinn, fir datt d'Interpretatioun vun dësem emblematesche Wierk geléngt.
D'Alexandra Conunova huet zesumme mat engem Ensembel vun 12 Museker déi véier Concerti am August 2020 wärend der Pandemie op Disk opgeholl. Wat derbäi erauskoum ass eng gelongen, rhythmesch an erfrëschend Interpretatioun vum Vivaldi sengem Wierk. De Manuel Ribeiro huet an den Disk eragelauschtert.