CD-Klassik
"Der Abschied"
"Der Abschied" heescht dat lescht Lidd am Gustav Mahler sengem symphoneschen Zyklus "Das Lied von der Erde". Et ass e pessimistesche Bléck vum Komponist op d'Liewen, geschriwwen an enger Zäit, wou de Mahler ee perséinleche Coup nom anere muss astiechen: Seng Duechter stierft am Alter vu véier Joer, no enger antisemitescher Campagne an der Press muss de Mahler seng Plaz als Direkter vun der Oper zu Wien opginn, an et gëtt e schwéieren Häerzfeeler beim Komponist diagnostizéiert. All dat schléit sech an "Das Lied von der Erde" nidder, dat elo an enger Opnam mam Orchestre national de Lille ënner dem Jean-Claude Casadesus erauskoum.