Klassik aktuell
Neijoerschconcert am Stream
Eigentlech war den Neijoerschconcert vum Orchestre de Chambre du Luxembroug als Chrëschtconcert geplangt. Dëse Concert konnt awer net wéi geplangt realiséiert ginn. Fir de Projet net komplett falen ze loossen hunn den OCL an de Centre des Arts Pluriels kuerzerhand ëmdisponéiert. De Programm gouf geännert an de Concert gëtt den 10. Januar live gestreamt. De Luc Boentges war bei enger Prouf dobäi an huet mat e puer vun de Bedeelegten iwwer d'Streaming-Format geschwat.