CD-Klassik
Geliefte Musekswëssenschaft
16 min
Den Timo Jouko Herrmann ass e Musekswëssenschaftler, dee säin akademescht Liewen zanter méi wéi sechs Joer dem Antonio Salieri dediéiert. D'Resultat vu senger Fuerschung presentéiert hien net nëmmen als Text a Form vun Aufsätz oder Monographien, mee och als Dirigent. Mat "Salieri & Beethoven in Dialogue" proposéiert hien elo säin zweeten Album mat den Heidelberger Sinfoniker a setzt domat e weidert Beispill fir geliefte Musekswëssenschaft, mengt de Luc Boentges.