Klassik aktuell
"D'Musek däerf net an hir Eenzeldeeler zerfalen"
7 min
No Rachmaninov, Grieg an dem 2. Pianosconcerto vum Brahms ass et elo d'Nummer 1 vum Komponist vun Hamburg, deen de Joseph Moog an där selwechter Konstellatioun erausbréngt - mat der Deutschen Radiophilharmonie ënner der Direktioun vum Nicholas Milton. Kënschtleresch Kontinuitéit ass e wichtegen Aspekt vun dëser laangjäreger Partnerschaft, betount de Pianist.