CD-Klassik
Franck a Strauss mat der Nordwestdeutschen Philharmonie
14 min
Zwee Joer sinn et hier, datt d'Nordwestdeutsche Philharmonie hire leschten Album publizéiert huet. "A Light In The Dark" war den Titel vun dëser Produktioun zesumme mat der lëtzebuergescher Pianistin Sabine Weyer. Am Januar 2021 publizéiere souwuel d'Sabine Weyer wéi och den Orchester en neien Disk, dës Kéier allerdéngs getrennt vuneneen. Wärend d'Sabine Weyer als Solo-Kënschtlerin op d'Spuer geet vun engem éischter onbekannte russesche Komponist, steet um neien Disk vun der Nordwestdeutschen Philharmonie Musek vum César Franck a vum Richard Strauss am Mëttelpunkt. De Luc Boentges huet an dës Orchester-Opnam ënner der Leedung vum Jonathan Bloxham eragelauschtert.