Panorama
Panorama
13 min
D'Prozeduren, no deene de Staat Terrainen an Industriezone verlount oder verkeeft, solle prezis an engem Gesetz festgeschriwwe ginn: dat sot de Wirtschaftsminister de Muergen am 100,7-Interview
Eng Impfbereetschaft beim Spidols-Personal zu Lëtzebuerg wier do, mee gewësse Retizenze géif et ginn, esou en Dokter vum CHEM no Start vun der Impfcampagne an de Spideeler zu Lëtzebuerg
Déi däitsch Regierung géif obligatoresch Impfunge géint de Coronavirus weider prinzipiell ofleenen, esou déi däitsch Justizministerin Christine Lambrecht
D'Krittäre fir Kannergeld zu Lëtzebuerg ze kréie sollen änneren, wéinst engem Urteel vum Europäesche Geriichtshaff
De Premier vun Estland, Jüri Ratas, huet säi Récktrëtt annoncéiert wéinst Korruptiounsvirwërf géint seng Partei
Den US Vizepresident Mike Pence huet eng Ofsetzung vum Donald Trump duerch de 25. Amendement vun der Verfassung ofgeleent
A Süditalie fänkt haut ee vun de gréisste Mafia Prozess zanter Joerzéngten u géint 350 presuméiert Memberen an Associéë vun der Mafia-Organisatioun 'Ndrangheta