Dëst Joer feiert de Blechbléiserquintett Magnifica säi 35. Anniversaire. Am Laf vun de Joren huet net nëmmen d'Besetzung gewiesselt, och d'Concertsformater an d'Programmen hu sech vum renge Quintett-Repertoire emanzipéiert. En nächste Sonndeg proposéiert Magnifica zu Ëlwen an der Porkierch - am Kader vum Klenge Maarnecher Festival - e Programm mat Uergel an enger Sopranistin.
arrow_back_ios