arrow_back_ios
CD-Klassik
Eng aner Lecture
Den Dmitri Schostakowitsch huet seng zwee Cellosconcerti fir de Mstislaw Rostropowitsch geschriwwen, zwee Museker, déi hir batter Erfarungen mam diktatoresche Regimm an der fréierer UdSSR gemaach haten. Dat héiert een natierlech och aus der Musek eraus. De Marc Coppey wollt sech bei senger Opnam vun den zwee Concerti awer net just op dësen Aspekt fokusséieren. Et ass eng aner, eng interessant a credibel Lecture.